Willibrordus-Kiermes
2.500 Euro vun de Fraen a Mamme vun Iechternach fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Am Kader vun hirer Generalversammlung, de 16. Januar 2020, hunn d'Damme vun de Fraen a Mammen Eechternoach ee Scheck vun 2.500 € un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg iwwerreecht, dat vum Françoise Pütz vertruede war.
Dobäi handelt et sech ëm den Erléis vun hirer traditioneller Willibrordus-Kiermes, déi den 3. November 2019 stattfonnt huet.
D'Madamm Josette Zimmer-Heuskin, Präsidentin vun deem dynamesche Veräin, war houfereg, datt si dës Zomm fir ee gudden Zweck spende konnten.
SOS Kannerduerf Lëtzebuerg freet sech iwwer dee léiwe Gest, a seet vu ganzem Häerz Merci.
Am meeschte gelies