Creahaus
1.050 Euro fir d'Fondation Cancer

© Fondation Cancer
D'Mataarbechter vu Creahaus hunn d'Initiativ ergraff hir eege Course an der Firma z'organiséieren. Si hunn Spende bannent der Firma gesammelt, fir d'Fondation Cancer z'ënnerstëtzen.
D'Kiischt um Kuch: D'Direktioun vu Creahaus wollt d'Initiativ vu senge Mataarbechter ënnerstëtzen an encouragéieren, andeems de gesammelte Betrag vun hinne verduebelt ginn ass. 1.050 € goufe vun den Organisateuren un d'Fondation Cancer gespent. D'Fondation Cancer ass dankbar fir dës generéis Initiativ, duerch déi se hir Servicer fir nozelauschteren, ze beroden an ze informéiere weiderféiere kann.
Am meeschte gelies