Military Veterans Associatioun spent 1.000 Euro

D'Membere vun der Associatioun kënne gutt matfillen, wéi vill Leed d'Kanner an hir Familljen erdroe mussen.
Luxembourg Military Veterans Associatioun A.s.b.l ass den 1. Mee 2019 gegrënnt gi vun Ex-Zaldoten, déi gedéngt hunn ënnert dem Fändel vum Grand-Duc Jean an dem Grand-Duc Henri sou wéi an der Lëtzebuerger Arméi, déi un In- an Auslands-Missioune fir de Frieden an Humanitären Hëllef deel geholl hunn. Eng vun hire Motivatiounen ass „ An gudde wéi a schlechten Zäiten zesummen ze stoen, a keen eleng ze loossen.
Luxembourg Military Veterans Associatioun A.s.b.l. huet decidéiert der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck vun 1000.-€ ze spenden, well si kënne gutt matfille wéi vill Leed d'Familljen a Kanner erdroe mussen, an dat et keen einfache Wee ass fir si.