500€ fir eng iwwerdeckten a gehëtzten Terrasse vun der Stëmm vun der Strooss

© Club des Jeunes Préizerdaul
Et ass eng Traditioun, dass de Club des Jeunes aus dem Préizerdaul all Joer kuerz no Dräikinneksdag d'Chrëschtbeemercher bei d'Leit asammele geet. Dat war och dëst Joer nees de Fall.
Communiqué : 500€ vum Club des Jeunes Préizerdaul fir eng iwwerdeckten an gehetzten Terrasse
Et ass eng Traditioun, dass de Club des Jeunes aus dem Préizerdaul all Joer kuerz no Dräikinneksdag d'Chrëschtbeemercher bei d'Leit asammele geet. Dat war och an dësem, duerch déi sanitär Kris méi ongewéinlechem Joer, de Fall. Normalerweis offréiert de Veräin den Awunner beim Passage ee Glühwäin oder soss eppes an d'Leit soe mat engem klenge fräiwëllegen Don Merci. Aus dem Patt gouf leider aus verständleche Grënn näischt, mä vill Leit hunn awer eng Enveloppe bei de Beemche geluecht.
Och déi Jonk leiden natierlech ënnert den abléckleche Restriktiounen, wëll se hir Jugend net esou ausliewe kënnen, wéi se sech dat virgestallt haten. An awer denkt de Club des Jeunes Préizerdaul an dësen Zäiten och un déi, deenen et nach vill méi schlecht geet wéi hinnen. Dofir war et séier kloer, dass d'Sue vun den Awunner net an d'Clubkeess géife fléisse mä un d'Stëmm vun der Strooss sollten iwwerwise ginn, fir deene Leit ze hëllefen, déi scho virun der Kris net op der Sonnesäit vum Liewe stoungen, an deenen hir Situatioun sech duerch dës Kris an den haarde Wanter sécherlech net verbessert huet.
211€ waren zesumme komm an de CDJ Préizerdaul huet decidéiert déi Zomme op 500€ op ze ronnen.
Fir och d'Stëmm z'ënnerstëtzen ass et einfach: klicken, ginn, deelen
https://www.gingo.community/frPressemitteilung : 500€ vom Club des Jeunes Préizerdaul für eine geheitzte und überdeckte Terrasse
Es ist eine Tradition, dass der Club des Jeunes aus Préizerdaul jedes Jahr kurz nach dem Dreikönigstag die Weihnachtsbäume von den Menschen einsammelt. Das war auch in diesem, aufgrund der sanitären Krise etwas ungewöhnlicheren Jahr, der Fall. Der Club bietet den Einwohnern normalerweise einen Glühwein oder etwas Anderes an und die Leute bedanken sich mit einer kleinen freiwilligen Spende. Aus dem Glühwein wurde aus verständlichen Gründen leider nichts, aber viele Leute legten trotzdem einen Umschlag zum Baum dazu.
Natürlich leiden auch junge Menschen unter den augenblicklichen Einschränkungen, weil sie ihre Jugend nicht so ausleben können, wie sie es sich vorgestellt hatten. Trotzdem denkt der Club des Jeunes Préizerdaul in diesen Zeiten auch an diejenigen, denen es noch schlechter geht als ihnen.

© Club des Jeunes Préizerdaul