Linda Cup 2021: Play it forward
1.420 Euro fir d'Fondation Cancer

Dëst Joer sinn et 10 Joer hier, datt d'Famill Luciano hirer Tatta Äddi gesot huet. Zu Éiere vum Linda hunn si en Tennistournoi organiséiert, wou Familljememberen a Kolleege fir de gudden Zweck gespillt hunn.
Zesummen hunn si eng Zomm vun 1 420 € fir d’Fondation Cancer konnte sammelen. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung. Dës Solidaritéits-Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Am meeschte gelies