Fondation Cancer
Gerante vun Immobilienagence huet 630 Euro gespent

Am Kader vum internationale Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d'Caroline Espénan, Gerante vun der Immobilienagence Home Harmony, sech engagéiert.
Si huet 3 Prozent vun hiren Honorairen der Fondation Cancer gespent. Duerch de Verkaf vun engem Appartement konnt der Fondation Cancer en Don vu 630 Euro iwwerreecht ginn.
D’Direktesch Lucienne Thommes huet der Madamm Espénan häerzlech Merci gesot fir dëse generéise Geste. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.
Am meeschte gelies