Am Kader vun der Hochzäit vum Patrick a vum Miet, hat d'Fondation Cancer déi grouss Freed, dës frësch bestuete Koppel ze begréissen.

Si engagéiere sech onermiddlech fir verschidden Associatiounen a wollten datt dee glécklechsten Dag vun hirem Liewen e solidareschen Impakt huet. "Wéi leider ganz vill Leit, sinn och mir mat der Kriibserkrankung konfrontéiert ginn. Verschidde Persoune vun eisem Ëmfeld hu géint de Kriibs gekämpft.“ - Patrick a Miet

Dofir hu si hir Gäscht gefrot, déi traditionell Hochzäits-Geschenker duerch eng Spend un d'Fondation Cancer ze ersetzen. Sou konnten de Patrick an d‘Miet eng Zomm vun 1.500 € sammelen.

D’Fondation Cancer seet dem Patrick an dem Miet vu ganzem Häerzen e grousse Merci fir dës wonnerbar Initiativ a wënscht hinnen alles Guddes!