KPMG Step Counting Challenge
3.000 Euro fir d'Fondation Cancer

Am Kader vum Broschtkriibsmount Oktober huet d'KPMG eng Challenge organiséiert, déi mat engem Don un d'Fondation Cancer gekoppelt war.
Wärend engem Dag hu si all d'Schrëtt vun hire Mataarbechter zesummegezielt: am Ganzen hunn 41 Mataarbechter 260.000 Schrëtt gemaach. Esou koum eng Zomm vun 3.000 Euro zesummen, déi der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, iwwerreecht goufen. E grousse Merci un all Bedeelegten, dës Aktioun erméiglecht der Fondation Cancer weiderhi Famillje, wou d'Elteren u Kriibs erkrankt si, am Alldag ze ënnerstëtzen.
Am meeschte gelies