D’Mataarbechter vun Byborg Entreprises SA hunn hir Solidaritéit mat Kriibspatiente gewisen, andeems si Spenden zu Gonschte vun der Fondation Cancer gesammelt hunn. Duerch dës Solidaritéits-Aktioun koum eng Zomm vun 1.250 € zesummen. D’Direktioun vu Byborg Entreprises SA huet den Engagement vun hire Mataarbechter zousätzlech ënnerstëtzt andeems si de Montant vun de Spende verduebelt hunn.

Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 2.500 € iwwerreecht ginn. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten, wärend der Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.