Relais pour la Vie
Rekordzomm vu 791.078 Euro gesammelt

No zwee Joer am connectéierte Format wéinst der Pandemie, war de Relais pour la Vie dëst Joer och nees a senger gewinnter Form an der Coque.
D'Editioun 2023 de 25. a 26. Mäerz hat mat 502 Ekippen an 13.206 Participanten, present an der Coque wéi och op connectéiertem Niveau, en enorme Succès. An deem Sënn koum dann och eng Rekordzomm vun 791.078 Euro zesummen, eng Zomm déi dat depasséiert, wat d'Fondation Cancer sech virgestallt hat. Si soe Merci fir déi Generositéit an Asaz.
Am meeschte gelies