U Fondatioun Kriibskrank Kanner
Associatioun Schëffleng Hëlleft spent 30.000 Euro

D'Associatioun "Schëffleng Hëlleft" besteet schonns zanter puer Joer.
Si organiséieren zanter Jore ganz vill Aktivitéiten, wou si Geld fir de gudden Zweck sammelen. An deene ganze Joren, wou si bestinn, hu si ganz aktiv vill Projeten ënnerstëtzt mat deem Geld, wat gesammelt ginn ass. Op hirer Assemblée générale huet Schëffleng Hëlleft zwee ganz generéis Schecke konnten iwwerreechen an esou ass ee Scheck an Héicht vun 30.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gaangen.
Am meeschte gelies