De Second-Hand-Shop vum 2. bis 4. Mäerz 2022, organiséiert vun de Jeunes Mamans Miersch mat hirer Presidentin Sylvie Hames-Nosbusch, hat sech gelount.

Wärend deenen dräi Deeg ware ganz vill Leit komm, fir sech vun der grousser Auswiel vu Kleeder, Babysaachen, Schong, Poschen , Bicher asw. an der Hal Irbicht zu Biering eppes Passendes eraus ze sichen. Den Erléis vun dësem Event konnt dëser Deeg am Kader vun enger Feier gläich 9 Schecken am Gesamtwäert vun 30.500 Euro u verschidden Associatiounen iwwerreecht ginn.