Duerch de Verkaf vu Bretzelen an der Gemeng Garnech hunn d'Wander-Tramps 100 Euro fir d'Fondatioun Wonschstär gesammelt. Zousätzlech koume 65 Euro Spende vun de Leit an nach eng Kéier 500 Euro vun de Wander-Tramps dobäi.

Schreiwes:

D’Wander-Tramps Garnich hun den 19.03.2023 an der Gemeng Garnech Bretzelen verkaaft, mat dem Gedanken fir all Bretzel 1 € un den WONSCHSTAER ze spenden. Et sin duerch den Verkaaf 100 € an zousätzlech Spenden vun 65 € vun  de Leit erakomm. D’Wander-Tramps Garnich hun en Don vun 500 € gemach. Esou konnt den 27.04.2023 bei engem Pättchen an engem gudde Maufel e Scheck vun insgesamt 665 € un den WONSCHSTAER iwereecht gin.