5.388 Euro
Lions Stars Lëtzebuerg ënnerstëtzt "Een Häerz fir kriibskrank Kanner"

Den Här Tom Pirsch a seng Fra Xenia Medinger hunn "Lions Stars Lëtzebuerg" gegrënnt, een Ofleeër vum Motorradclub Royal Stars Germany.
Déi 2 Motorradsclibb zesumme mat der Ënnerstëtzung vun de Feelener Bierger hunn déi impressionant Zomme vu 5388€ gesammelt. Si hunn dës Suen un „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ gespent fir Famille mat engem kriibskranke Kand oder Jugendlechen ze ënnerstëtzen. Dëse generéise Scheck gouf viru kuurzem an der Presenz vu villen engagéierte Motorradsfuerer un d’Elterevereenegung „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ bei der gëlle Fra an der Stat Lëtzebuerg iwwerreecht.Ee grousse Merci un si fir hiert wäertvollt Engagement an hir generéis Ënnerstëtzung
Am meeschte gelies