Préizerdaul: Ganz gut besicht war di éischt Joereshaaptversammlung vum „ Supporterclub Marie Schreiber“ mat sengen 230 Memberen viru kurzem am Festsall zu Platen. No der Begréissung huet de President Servais Antony di Super- Leeschtung vun der Préizerdauler Athletin Marie Schreiber besonnesch erviergestrach, dat bei der Welt-Meeschterschaft 2023 am Cyclo Cross an Holland eng 5. Plaatz konnt erausfueren. De President huet dem Marie Schreiber weiderhin vill Erfolleg an der Dammenequippe mam Team „Works“ gewënscht. Bei alle Stroossecoursen wou d’Marie Schreiber an Zukunft och sengt sportlicht Talent um Velo wëll beweisen, ass him fir di kommend Saison och Alles Guddes an dat och ouni Verletzung gewënscht gin. Nodeems dat di verschidde Berichter unanim vun der Versammlung gut geheescht gi sin, huet de Buergermeeschter Marc Gergen, d’Gléckwënsch vun der Gemeng Préizerdaul iwerbruecht an dem Marie Schreiber dat Allerbëscht a vill Gléck a sportlich Erfolleger fir Zukunft gewënscht. Zum Schluss vun der Versammlung konnt de Supporterclub zesummen mat senger Schwester Julie Schreiber, dem Jean- Paul Muller e Scheck vun 500 Euro iwerreechen, den dem „Plooschter Projet „ héi zu Lëtzebuerg zugut könnt. No sengen Wierder vu Merci fir dess Spend huet den Här Müller d’Aktivitéiten vum Projet och kuurz virgestallt. Duerno huet dess Versammlung a flotter Ambiance hiren würdigen Ofschloss fond. (CR )(Foto an Text: Charles Reiser)