Am Kader vum Fréijoersfest vun der Nidderkuerer Grondschoul hunn d'Schüler d'Elteren an d'Enseignante Kuch, Gedrénks, Bicher a Gadgete verkaf.

Op dës Manéier si 1.500 € fir d'Fondation Cancer zesummekomm. Wärend der Iwwerreechung vum Check huert d'Direktesch vun der Fondaton Cancer Lucienne Thommes de Bedeelegte fir hiren Engagement Merci gesot.

D'Sue sollen der Fondatioun dobäi hëllefen, hir Missioun weiderhin ze realiséieren.