1.654.30 € fir d’Fondation Cancer

D’Hockey Federatioun Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Aarbecht vun der Fondation Cancer am Kampf géint de Kriibs mat engem generéisen Don vun 1.654,30 €.
Dësen Don ass duerch Spende vun de Spiller, Sponsoren an de Verkaf vu Iessen a Gedrénks beim Internationalen Hockey Tournoi 2023 zustane komm.
D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten, wärend der Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement: "Zesumme striewe mir fir eng kriibsfräi Zukunft, a mat Solidaritéitsaktioune wéi déi vun der Hockey Federatioun Lëtzebuerg si mir zouversiichtlech datt mir dëst Zil erreeche kënnen."
Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.