Primärschoulkanner vu Beefort ënnerstëtzen "Een Häerz fir kriibskrank Kanner"

D’Kanner aus dem Cycle 4.2 vu Beefort hu Sue gesammelt fir de gudden Zweck an hu sech d'Vereenegung "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" erausgesicht fir hiren Don.
Nodeems si eng Presentatioun iwwert d'Aarbecht mat kriibskranke Kanner kritt hunn, waren d'Schüler aus deenen zwou Klassen nach méi motivéiert, anere Kanner, deenen et net sou gutt geet, ze hëllefen. Hir Iddi war et, T-Shirt a Jutebeutel mam Schoullogo ze verkafen. Hiert Léierpersonal d'Madamm Marques an d'Madamm Schon hunn si an dem Projet ënnerstëtzt.
D'Kanner hunn am ganze mat hirer Aktioun déi immens Zomm vu 4380,46 Euro an der Asbl "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" gesammelt an op hirem leschte Schouldag als Primärschoulschüler zu Beefort am Haff iwwerreecht. Mir wënschen deenen engagéierte Kanner eng schéi Vakanz a vill Gléck fir de Lycée.