A.P.E.E.F vun Dippech
2.000 Euro fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

© Fondatioun Kriibskrank Kanner
D'Apeef vun Dippech ass ëmmer ganz engagéiert, wann et drëms geet, Kanner ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet.
Zesumme mat de Kanner aus der Primärschoul vun Dippech hu si eng Kollekt gestart, an esou ass déi flott Zomm vun 2.000 € gesammelt ginn.
An engem festleche Kader hunn d'Kanner an awer och d'Membere vun der Apeef der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck an Héicht vun 2.000 € konnten iwwerreechen.
Am meeschte gelies