D'lescht Woch krut d'Maison "L'Escale" e Check iwwer 4.500 Euro iwwerreecht.

D'lescht Woch krut d'Maison "L'Escale" e Chèque iwwer 4.500 Euro iwwerreecht.  D'Spend gouf zesummegedroe bei engem Frëndschaftsmatch, organiséiert vum FC The Belval Belvaux, der Association Luxembourgeoise des Anciens Internationaux de Football an dem FC Metz.

D’Maison "L’Escale", déi vum CHEM a vu Médecins du Monde geréiert gëtt, bitt Betreiung an Ënnerkunft fir Leit, déi a prekären Ëmstänn liewen a gesondheetlech vulnerabel sinn.