Kuerz virun der Grousser Vakanz huet den Noah (10 Joer) decidéiert, datt hie sech fir Kanner wéilt engagéieren, deenen et net esou geet.

Hien huet selwer e bëssen iwwer Internet Informatiounen zu de verschiddenen Associatiounen an ASBLen nogesicht a säi Choix ass op d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gefall.

Iwwer ronn 8 Wochen huet hien – mat klenger moralescher an handwierklecher Ënnerstëtzung – selwer Bracelete geknäppt. Dës goufen iwwer Instagram an de 15. August op Léiffrawëschdag zu Greiweldeng verkaf. Fir all verkaafte Bracelet, sinn 2.5 Euro an d’“Spendeschwäin“ gefall.

RTL

De 15. August op Léiffrawëschdag zu Greiweldeng

126 Bracelete konnte verkaf ginn – an esou konnt den Noah, ganz houfreg, Mëtt September e Scheck iwwer 400 Euro an de Gebailechkeete vun der Fondatioun zu Bartreng iwwerreechen.

Dëst ass awer just en éischte Schratt, well et gëtt nach vill Kanner, déi op Hëllef ugewise sinn. An dofir geet d’Aventure vun #noahslaces och weider!

Zousätzlech Informatiounen zu #noahslaces fannt Dir op der Instagram-Säit: https://www.instagram.com/noahslaces/