Déi 9. Editioun vum Luxembourg Times BusinessRun war e vollen Erfolleg mat enger Rekordzuel u Participanten: Dëst Joer hu 5.441 motivéiert Leefer deelgeholl

Si sinn zesummen a faarwegen T-Shirten an originelle Kostümer eng Course vu 5,5 Kilometer ronderëm d'Coque gelaf.

Wéi och déi lescht Joren huet de Luxembourg Times BusinessRun pro Participant, deen an der Coque matgelaf ass, d'Fondation Cancer mat 2 Euro ënnerstëtzt. D'Chambre des Métiers huet de Montant och nees mat enger Zomm vun 1.000 € opgeronnt. Nieft de Spende vun den Organisateure konnten d'Participanten erëm BusinessRun-Heroes ginn, andeems si sech och mat engem Don bedeelegt hunn. Si kruten e speziellen Dossard fir d'Course, deen hiren Engagement gewisen huet.

Esou koum eng Rekordzomm vun 30.303 Euro zesumme fir d'Fondation Cancer.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet de Participanten, dem Organisateur, de Sponsoren an all de Betriber häerzlech Merci gesot wärend der Scheckiwwerreechung fir hiren Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.