Dëst Joer huet de Rock Against Cancer säin 10ten Gebuertsdag gefeiert.

Fir déi 10t Editioun huet d’Band Hooverphonic d’Rockhal zum vibréiere bruecht! Dono ass et da weidergaange mat Partymuséck vum Interlude & DJ Pops a vum Mister Cover. Eng Grupp Mataarbechter vu Swiss Life International organiséiert dëse flotte Concert fir de gudden Zweck. De Benefice vun dësem Solidaritéits-Event gëtt integral gespent.

« Je souhaite exprimer toute ma gratitude à nos collaborateurs qui soutiennent et organisent Rock Against Cancer depuis 10 ans. Ce qui est particulièrement précieux à mes yeux, c’est leur engagement personnel et l’effort collectif. Ensemble, ils s’investissent dans un projet commun, porteur de valeurs fortes qui vont au-delà du quotidien professionnel. Tout cela dans une atmosphère positive et pour une noble cause. » David Brandt, Responsable Ressources Humaines, Swiss Life International

D’Fondation Cancer krut eng Zomm vu 15.000 € iwwerreecht als Ënnerstëtzung fir den alldeegleche Kampf géint Kriibs. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Benevollen, Organisateuren, Sponsoren, Museker awer och Participant’en häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.