Den 10 Joer alen Noah huet sech fir de gudden Zweck engagéiert a konnt esou ganzer 400 Euro fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner sammelen.

Wéi d'Organisatioun matdeelt, huet de Jong handgemaache Bracelete verkaaft, fir  Spenden ze sammelen: "Fir den Noah war et wichteg, een Engagement anzegoen, mat deem hie Kanner konnt hëllefen, deenen et net esou gutt geet. "