921 € fir d’Fondation Cancer

Am Kader vum Broschtkriisbmount ‘Rosa Oktober’ huet d’Lorraine Boucley Gramain sech och dëst Joer dozou decidéiert, d’Fondation Cancer mat enger Solidaritéitsaktioun ze ënnerstëtzen.
D’Lorraine ass Pilates-Coach an huet wärend senge Coursë Spende gesammelt a souguer de Betrag fir verschidde Coursen integral un d’Fondation Cancer gespent. Esou ass eng generéis Zomm vun 921 € zesumme komm.
« Je tiens à exprimer ma plus profonde gratitude à mes élèves pour leurs contributions durant Octobre rose au bénéfice de la Fondation Cancer. Leurs présences aux cours du weekend dernier ont permis de collecter des fonds précieux ainsi que leurs dons à travers l'achat des bracelets Octobre rose. Je les remercie du fond du cœur de m'avoir accompagné durant ce mois et suis fière qu'elles aient été aussi investies dans ce projet. » seet d’Lorraine am Numm vun alle Bedeelegte vun dëser Spendenaktioun.
D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet dem Lorraine häerzlech Merci gesot wärend der Scheckiwwerreechung an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.