Eng Rekord Zomm vun emmerhin 41 000 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Maart, am Oktober 2023, organiséiert vun den „Aktiv Frae Miersch" (anciens Jeunes Mamans Miersch) duerstellt, konnt viru kurzem an der Hal Irbicht zu Biereng a Form vu Schecken un 10 benevol Hëllefsorganisatiounen verdeelt gin.

Agaangs huet d'Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch jidderengem Merci gesoot déi derzou bäigedroen hun, dat dest Evenement zu engem groussen Erfolleg gefouert huet. Ganz speziell gouf dem Virstand mat dem Organisatiounscomité mat allen benevolen Dammen an Hären, der Gemengeverwaltung, den Hären vun der ASBL" Nei Schaff", dem Mierscher Kannerduerf fir di vill Saachen vun hirer Opléisung vun hirem Second Hand, der Jugend Spiller Equipp vu 5x Biereng fir d'Organisatioun vun der Kaffistuff souwi och alle Leit di gut Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a Villes méi gratis zur Verfügung gestallt hun, haerzlich gedankt. No enger klenger Bildprojektioun iwert d'Arbecht vun de Mierscher Aktive Fraen koum et dunn zur eigentlicher Scheckiwerreechung. Fir de Scheck iwert 5 000 Euro hu sech d'Mariette Fischbach an Lydie Schmol gefreet, deen fir „Europa Donna" bestëmmt ass. Weider 5 000 Euro goufen dem Willy Smit an dem Naristé Sonunbekowa vun der Fondatioun Raoul Follereau iwerreecht, déi der Organisatioun „SUMEDCO " zugute kommen. „Unity Foundation" , vertrueden duerch hire President Fernand Schaber a Claudine Winkel, hu sech fir de Scheck vu 5 000 Euro och gefreet.

Di national Vereenegung „Wonschstär" mat hirer Presidentin Viviane Vermeer an Bernadette Neu, hun fir de Scheck vu 5 000 Euro och villmols Merci gesoot. E weidere Scheck vu 5 000 Euro, déi fir „Nöel de la Rue" bestëmmt sin, konnten de President Léon Kraus mam Françoise Reuter a Marcy Schroeder an Empfang huelen. De Scheck vu 4 000 Euro deen un „d'Kannerduerf vu Miersch" weider geleet gëtt, huet d'Line Jacoby gaeren entgéint geholl. Den 2 500 Euro Scheck, den d'Michèle Jensen-Claren kritt huet, waert der „Aide à l'Enfance de l'Inde et du Népal" zugut kommen. Vun der „Oeuvres Paroissiales Miersch" hun de Camille Schroeder an de Lucien Kass de Scheck vun 1 500 Euro mat Freed entgéint geholl. Mat engem 500 Euro Scheck den d'Sharon Rischard mam Nels Costa kritt hun, ass der Spiller Equipe vu 5x Biereng och Merci gesoot gin.

Am Virfeld waren schon am Oktober een Don vun 1 000 Euro gemeet gin, fir Zelter am Maroc ze bezuelen, wou dat schwéiert Erdbeben war. Desweideren sin 1 500 Euro un „d'Oeuvres Sociales Bouneweg" iwwerwise gin, déi Iessewueren, Hygienartikel a Villes méi u Leit spenden, déi et sech net esou gut leeschte können. Nodeems dat all Scheckempfänger hir jeweilig Vereenigung mat hirem Aufgabegebiet kurz virgestallt hun, an fir de generéisen Don vun den „Aktiv Frae Miersch" Merci villmols gesoot hun, gouf des Scheckiwerreechung bäi engem gudde Patt gemittlich ausklenge geloos. Bleiwt ze erwähnen, dass den nächsten Second Hand Maart an der Hal Irbicht zu Biereng elo schon fir den 28. & 29. Februar an den 01. & 02 Mäerz 2024 fest um Kalenner stin, mat enger Kleedersammlung den 20. Februar och an der Hal Irbicht. (CR)