Mat 65 Leit am Domaine de la Forêt zu Réimech goufen e Freideg Sue gesammelt, fir zwou sozial wichteg Associatiounen z'ënnerstëtzen.

D'Sue ginn engersäits un Elisabeth.lu, déi mat Puppelcher bis eelere Leit schaffen an anerersäits un d'Fondatioun Wonschstär, déi kierperlech a mental beanträchtegte Leit en Häerzenswonsch erfëllen.¨