D'Assurance Baloise huet d'Fondation Cancer am Kader vum Broschtkriisbmount "Rosa Oktober" mat engem Don vu 4.500 € ënnerstëtzt.

Dës Zomm ass duerch d'Spende vu Mataarbechter an duerch de Verkaf vu Braceleten am Kader vun engem Solidaritéitslaf, deen d'Assurance organiséiert huet, zustane komm.

"Ce don, c’est le symbole de notre solidarité; chaque geste compte, et ensemble nous pouvons faire une différence dans la vie de nombreuses personnes", sou d'Christine Theodorovics, Generaldirektesch vu Baloise Luxembourg, am Numm vun alle Mataarbechter.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktioune géifen et der Fondation Cancer erméiglechen, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.