Am Kader vum Broschtkriibsmount "Rosa Oktober" huet d'Mara Cruciani sech och dëst Joer dozou decidéiert, d'Fondation Cancer mat enger Solidaritéitsaktioun ze ënnerstëtzen: D'Mara huet d'Akommes vun der Ausstellung "Crochet et tricot solidaire" vum Mount Oktober integral un d'Fondation Cancer gespent.

Op dëser Ausstellung verkeeft d'Mara selwergemaachen Heekel- a Stréckkreatioune. Duerch dës Aktioun konnt eng Zomm vun 2.895 € un d'Fondation Cancer iwwerreecht ginn.

D'Directrice, Lucienne Thommes, huet dem Mara häerzlech Merci gesot fir seng onermiddlech Ënnerstëtzung.