4.245 Leeferinnen a Leefer a 7.000 Sponsere waren un der Aktioun vum Maacher Lycée den 19. Mee bedeelegt, bei där dës Rekordzomm zesummekomm ass.

Vun 9 bis 14 Auer sinn insgesamt 32.236 Kilometer um Maacher Stade "Op Flohr" gelaf ginn, woubäi nieft villen Hobbyleefer och Schüler a Personal aus dem Maacher Lycée an aus de Grondschoule matgemaach hunn.

D'Rekordzomm vun 238.000€, déi dobäi zesummekomm ass, gouf u 7 wueltäteg Organisatiounen aus dem Land gespent, ma wéinst dem Äerdbiewen a Marokko am September 2023 och un déi marokkanesch "Association des Ingénieurs de l'Ecole de Mohammadia" vu Rabat.

Dës 20. Editioun vum Charity Cross hat wéinst der Covid-19-Pandemie 3 Joer musse waarden. Déi nächst Editioun ass fir den 10. Mee 2024 geplangt. Duerch d'Aktioun, déi 2001 als e klenge Schülerprojet ugefaangen huet, sinn zanter der 1. Editioun insgesamt 1.798.000 Euro gesammelt ginn.