E Sonndeg 3. Dezember, op dem éischten Advent, gouf zu Fëschbech an der Kierch dat traditionellt Cäcilienfest gefeiert.

D'Mass gouf gehale vum Kaploun Achille Bundangandu a gesanglech ënnerstëtzt vun der Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous zu Éiere vun der Patréinesch, der helleger Cäcilia. D'Chorale gouf dirigéiert vun der Dirigentin Théa Kass-Origer an den Organist op der Uergel war de Robert Depta.

No der Mass huet d'Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous zwee generéis Donen iwwerginn, eng Kéier een Don vun 2000 Euro un d'Elterevereenegung "Een Häerz fir kriibskrank Kanner", vertrueden duerch hir Directrice Martine Wirtz, an en Don vun 1000 Euro un de Kierchefong Fëschbech-Miersch. Dës Zomme sinn entstanen am Kader vum alljärleche Parfest am Juli, wat d'Chorale zu Schous op der Héicht organiséiert, a wat och dëst Joer erëm ee groussen Erfolleg war. An d'Chorale huet och dëst Joer, d'selwecht wéi
déi Jore virdrun, decidéiert, dësen Erfolleg ze deelen a karitativ Wierker ze ënnerstëtzen.

Zum Ofschloss huet d'Chorale all déi Léit invitéiert, déi um Parfest gehollef hunn an dozou bäigedroen hunn, dass et sou een Erfolleg gëtt, fir zesumme bei de Restaurant Faust op Longsdorf iessen ze goen. Den Här Präsident Hubert Lanckohr huet a senger Ried, senger Chorale an all deene Fräiwëllege Merci gesot fir hiert grousst Engagement. Ouni si wiere sou Aktiounen net realiséierbar. Dono huet hien d'Wuert
un d'Martine Wirtz ginn, déi d’Aarbecht vun der Asbl "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" kuerz erkläert huet a wat d'Asbl mat dëse Sue mécht, fir déi krank Kanner an hir Famille bescht méiglech ze ënnerstëtzen an op hirem Wee ze begleeden.