Am Kader vum "Rosa Oktober" huet Versécherungsgesellschaft Foyer hiren Engagement gewisen.

Si hunn op hire Reseauen iwwert de Broschtkriibsmount kommunizéiert a Bracelete verkaf. Des weidere war d'Direktioun vum Foyer solidaresch an huet dës Aktioun mat engem zousätzlechen Don vu 500 Euro ënnerstëtzt. Esou konnt déi generéis Zomm vu 4.340 Euro der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, an de Raimlechkeete vum Foyer iwwerreecht ginn.

"Foyer Group est fier d’avoir participé à la campagne Octobre Rose et, grâce à ce don, de pouvoir faire avancer la recherche contre le cancer et de soutenir les patients atteints par cette maladie et leur famille", seet d'Charlotte Bourret-Waton, Member vum Aarbechtsgrupp Gesondheet a Wuelbefannen an Initiator vum Foyer contre le cancer-Programm.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.