Bei der 5. Editioun vum Relais du Rire, engem Comedy Standup-Event am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng, konnt eng Rekordzomm vu 5.000 € fir d'Fondation Cancer gesammelt ginn.

Den Alex Monteiro huet dëst Joer fir d'fënneft nees d'Aarbecht vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt andeems hien e wonnerbare Relais du Rire 2023 op d'Bee gestallt huet. Um Programm war e Comedy-Owend mat talentéierte Breakdancer, Komiker, Improvisatioun a Magie. D'Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Organisateur Alex Monteiro an de Komiker Jérémy Moriau, Joss den Hellen, Juan Rodrigues a Mike Desa, souwéi den Improvisateuren Les Ons, dem Magier Stéphane Gehin an der Breakdance-Grupp Knowedge häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement.

Si verzichten all op hier Gage an engagéieren sech Benevole fir d'Aktioune vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.