D’Häerzfeeën hunn dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch en Don vu 400 Euro gemaach.

Dëse koum zesummen aus dem Benefice, dee si mat hirem Stand am Kader vum Octobre rose am CHEM gemaach hunn. Vill vun de rosa Häerzer, déi d'Häerzfeeën op der Hand bitzen an déi d’Hoffnung am Kampf géint de Broschtkriibs symboliséieren, hunn do en neit Doheem fonnt.

Déi offiziell Remise vum Don vun der Madame Carole Schartz-Thull an der Madame Chantal Kühler-Sbarra gouf organiséiert a Presenz vum Dr. René Metz, Generaldirekter vum CHEM, vum Dr. Stefan Rauh, Médecin chef de pôle vun der Onkologie, souwéi der Dr. Sophie Gorniewicz, médecin spécialisée en soins palliatifs.

E grousse Merci un d‘Häerzfeeën fir dëse generéisen Don!

RTL