An der viregter Summervakanz krute Client a Chauffeure vun Arval Luxembourg Zougang zu enger interaktiver Plattform, déi hinnen et erméiglecht iwwer 10 Deeg laang all Dag Berodung, Quizë a vill aner Iwwerraschungen ze entdecke, fir si op eng flott Manéier op de Wee an d'Vakanz ze begleeden. Mat dëser Aktioun huet Arval Luxembourg sech dozou engagéiert fir d'Fondatioun Cancer mat enger Spend ze ënnerstëtzen.

Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnt Arval Luxembourg, vertrueden duerch d'Véronique Bourgois, Generaldirektesch, der Fondation Cancer en Don vun der generéiser Zomm vun 1.500 € iwwerreechen.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.