Dikrech: E flotten Nommettëg konnten di ronn 200 Matbierger zesummen an der zur Adventszäit schéi gerëschter Seeërei mateneen verbrëngen, zuder d’Amicale fir den 3. Alter zesummen mat der Gemeng Dikrech op hir Chrëschtfeier 2023 agelueden haaten. No sengen Wierder vu Wëllkom a Merci fir d’Kommen an awer och ganz speziell fir di wertvoll Ënnerstëtzung vun der Gemengeverwaltung Dikrech war de President Jempi Infalt och ganz frou d’Senioren vum Haus SERVIOR un der Sauer  begréissen ze können. Och de gudden Service iwert de ganzen Nommëtteg, wou di vill Uwiesend richtig verwinnt goufen galt säin Dank an seng Unerkennung. Fir de musikalischen Deel huet den Orchester „Ever Dance“ mam Marco Rech an Yves Schmartz gesuergt, wou muencher een sech mol getraut huet, fir Danzbeen mol esou richtig ze schwëngen. Am Verlaaf vun deser Feier war et eng besonnësch Éier vun de Léit aus dem Comité fir de Scheck vun 2 620 Euro, den, den Erléis vun der „journée du grand Âge duerstellt, un di Responsabel vun der Vereenegung „Wonschkutsch“ iwerreechen ze dierfen. Am Uschloss un eng interessant Power- Point Show, huet de Jean- Marie Schmitz no sengem grousse Merci, d’Aktivitéiten vun „Wonschkutsch“ am Detail erklärt, an dorobber higewissen, dat dess Spend derzou agesaat gëtt, fir engt neit a ganzt modernt Gefier, dat speziell ageriicht gëtt fir och dene Leit hiren extra a läschte Wonsch am Liewen och können ze erfëllen, finanzéiert gett. Mat enger klenger Iwerraschung koum et dunn zur Éierung vum President Jempi Infalt, den säi Posten un der Spëtzt vum Senioreveräin aus Gesondheetsgrënn zur Verfügung stellt. Dem scheidenden Chef ass villmols Merci gesoot gin, fir sengt onermidlicht Engagement als President an all dene Joeren. De passende Kado a Blummen fir seng symphatisch Madame Mariette war di verdingt Unerkennung verbonnen mat engem kräftigen Applaus fir sein Aasatz am Dingst vum Senioreveräin aus der Stadt Dikrech. Och de Buergermeeschter Charel Weiler huet dem Jempi am Numm vun der Gemengeverwaltung villmols Merci gesoot. Als Interimspresident huet de Pascal Balthasar sech och direkt bereet erklärt, fir dest Amt bis zur nächster Generalversammlung zi iwerhuelen. No e puer angenehmer Stonnen a gudder Gesellschaft konnt jiddereen de Kado offréiert vun der Gemeng a vun der Amicale fir den 3. Alter Dikrech mat Heem huelen fir zefridden, dess schéin Chrëschtfeier a gudder Erënnerung ze behaalen.

 (Foto an Text: Charles Reiser)