1.600 Euro fir d'Fondation Cancer

Am Kader vun der Initiativ Movember huet d’Societéit Marques Confort sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
Am November huet Marques Confort eng Solidaritéitsaktioun an d’Liewe geruff: Fir all Mataarbechter, deen sech wärend dësem Mount ee Schnauz wuesse gelooss huet, hunn si sech dozou engagéiert d’Fondation Cancer mat enger Spend vu 40 € ze ënnerstëtzen. Am Ganzen hu 40 Mataarbechter un dëser Aktioun deelgeholl. Esou konnt déi generéis Zomm vun 1.600 € der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, iwwerreecht ginn.
« Ech si ganz frou an houfreg dëse Scheck der Fondation Cancer ze iwwerreechen. E reflektéiert de gemeinsamen Engagement vun eiser Firma an eise Mataarbechter fir un Aktiounen deelzehuele fir eng Saach z'ënnerstëtzen déi eis all betrëfft. » seet de Monsieur Mario Marques, Gérant a Fondateur vu Marques Confort.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.