D’Zäitschrëft Premium huet den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt andeems si den Erléis vun der Soirée Nuit Blanche gespent hunn.

Premium huet Enn November en Charity Dinner organiséiert, dee Gastronomie, artistesch Handwierker an eng Spendenaktioun vereenegt huet. Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnt déi generéis Zomm vun 13.548 € der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, iwwerreecht ginn. Dëse Geste war méiglech, dank der Generositéit vun all de Participante.

"Ensemble on est plus fort - Zesumme si mir méi staark", seet de Monsieur Henry Hassid, Gerant vum Magazin Premium am Réckbléck op dësen exklusiven Owend.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.