Mat der Hëllef vu Spuerbéchsen, déi a bal allen TotalEnergies-Bensinnsstatioune stinn, ass et der Circle K Luxembourg SA gelongen, ganzer 11.700 € ze sammelen.

Déi integral Zomm gouf e Freideg a Form vun engem Scheck un d'Stëftung Kriibskrank Kanner iwwerreecht.