A Gedanken un seng verstuerwe bescht Frëndin Poupa, ënnerstëtzt d’Martine Horsmans d’Fondation Cancer.

Si engagéiert sech an hirer Fräizäit andeems si verschidden Objeten aus ëmweltfrëndleche Stoffer bitzt. Den Erléis huet d’Martine der Fondation Cancer gespent.

Nom Verloscht vu menger léiwer Frëndin Poupa, wollt ech hatt an Éieren halen. Dofir hunn ech d'Initiativ geholl a menger Fräizäit ze bitzen an domat d'Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Dobäi ënnerstëtzen ech net nëmmen déi wesentlech Missioune vun der Fondatioun, mee all Kuerf, deen ech bitzen, ass och - fir mech – eng Manéier fir meng Ënnerstëtzung fir Leit auszedrécken, déi mat dëser Krankheet konfrontéiert sinn.“, seet d’Martine Horsmans.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, dem Martine häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.