Am Kader vum Weltkriibsdag, ënnerstëtzt de Cactus d’Aarbecht vun der Fondation Cancer mat engem Don vu 15.000 €.

Bei dëser Geleeënheet hunn sech d’Madamm Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer an d’Madamm Cathy Leesch, Marketing-Direktesch vum Cactus bei enger Scheckiwwerreechung getraff.

„Et bleift sécherlech eng richteg Erausfuerderung, déi verschidde Kriibsaarten ze iwwerwannen. Awer zesumme kënne mir d'Fuerschung am beschten ënnerstëtzen an d'Hoffnung deelen, enges Daags an enger Welt ouni Kriibs ze liewen“, seet d’Cathy Leesch.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes dem Cathy Leesch an all de Collaborateure vu Cactus häerzlech Merci gesot fir hire laangjäregen Engagement. Dank hirer Ënnerstëtzung, kënne mir e wesentlechen a positiven Impakt op d'Liewe vu Kriibspatiente kreéieren.