D’Mataarbechter vu Proximus Lëtzebuerg hunn den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt andeems si den Erléis vun hirer Chrëschtfeier-Tombola gespent hunn.

Doduerch konnt déi generéis Zomm vun 1.450 Euro dem Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, an de Raimlechkeete vu Proximus iwwerreecht ginn. "Proximus Lëtzebuerg engagéiert sech all Joer duerch Solidaritéitsaktiounen. Bei der Tombola fir Chrëschtdag hunn eis Mataarbechter dës flott Zomm gesammelt, fir de Kampf géint de Kriibs ze ënnerstëtzen. Dofir hinnen e grousse Merci!", seet Groupe Proximus.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.