2.500 Euro gespent
Don vum Fonds Social et de Solidarité (FSSC) vum CHEM un d'Trauerwee asbl

All Joer verkeeft de Fonds Social et de Solidarité (FSSC) vum CHEM Wafelen op eisen dräi Standuerter.
D'lescht Joer goufen 850 Wafele verkaf, woumat 2.500 Euro ageholl goufen. Dëse Gewënn gëtt vollstänneg un eng karitativ Associatioun gespent.
Dës Kéier gouf d'Trauerwee asbl ausgewielt, déi trauerend Kanner a Jugendlecher ënnerstëtzt, déi schonn a jonke Jore Leit an hirem Liewe verluer hunn. De Scheck gouf iwwergi vum President vum FSSC Roger Zwally, vun der Vizepresidentin vum FSSC Patrizia Ascani, a vun der Sekretärin vum FSSC Silvana Antunes.

Am meeschte gelies