3.000 € fir d'Fondation Cancer

D'Gemeng Betzder ënnerstëtzt de Relais pour la Vie souwéi den Engagement vun der Fondation Cancer am Kader vun hirem Projet "D’Gemeng Betzder hëlleft".
„D'Initiativ 'D'Gemeng Betzder hëlleft' ass op d’Bee gestallt gi mam Ziel ee bis zweemol d’Joer verschidden international a lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun mat engem Don ze ënnerstëtzen.“ seet de Marc Ries, Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder.
Wärend der Scheckiwwerreechung ass d'Lucienne Thommes nach op Erausfuerderungen a Missioune vun der Fondation Cancer agaangen an huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.