1.000 € fir d’Fondation Cancer

© Fondation Cancer
De Syndicat d’Initiative et de tourisme vun der Gemeng Wuermer huet sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Am Kader vun der Generalversammlung vum Syndicat, a Präsenz vum Här Minister fir Tourismus Lex Delles, gouf dem Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, e Scheck vun 1.000 € iwwerreecht. Verschidde Memberen aus dem Comité hunn op ee Cadeau fir hiren Abschid verzicht an hunn amplaz een Don gemaach. Duerfir ass decidéiert ginn, e gemeinsame Scheck ze maachen an deen der Fondation Cancer zoukommen ze loossen.
„Mir hunn d’Fondation Cancer erausgesicht, well mir an onsem Bekanntekrees Leit hunn, déi kierzlech mat der Krankheet Kriibs betraff sinn.“ seet de Fernand Dax, Sekretär vum Syndicat d'Initiative et de tourisme vun der Gemeng Wuermer.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.