Generalversammlung vum Nidderpallener Gesank mat Scheckiwwerreechung

© Eric Heimermann
E Méindeg 25. Mäerz war d’Generalversammlung vum Nidderpallener Gesank.
Do huet de President Freddy Sangers den Deche Pater Flammang, de Buergermeeschter Henri Gerekens, d'Presidentin vun de Fraen a Mamme Sektioun Réiden Martine Lallemand, all Membere vum Gesank an all aner Leit begréisst.
E besonnesche Merci goung un all Leit, déi ëmmer hëllefen dass d'Fest den 1. Mee vum Konscht- an Hobbymaart esou gutt iwwert d'Bün geet, der Gemeng an de Gemengenaarbechter fir hir Hëllef, de Fraen a Mamme Sektioun Réiden fir déi gutt Zesummenaarbecht an alle Leit, déi ëmmer do sinn, wa se gebraucht ginn.
D'Sekretärin Betty Heimermann huet am Aktivitéitsbericht déi vill verschidden Aktivitéiten opgezielt, de Konscht- an Hobbymaart den 1. Mee an de Concert 1 Bass 2 Bässer den Oktober zu Réiden si besonnesch ervirgehuewe ginn.
Wärend dem Merci-Iessen fir déi Leit, déi bei deenen 2 Evenement gehollef hunn, sinn zwee Schecken iwwerreecht ginn: 5.000 € un AMVA Association pour Mal-Voyants et Aveugles a 5.000 € fir den Tricentenaire (Résidence Nico Kremer zu Heeschdref).
D'Caissière Claudine Majerus huet de Keesebericht virgedroen an op eng gesond Kees higewisen, trotz de gréisseren Donen, déi am Laf vum Joer gemaach goufen. D'Keeserevisore Christine Lallemand an Eric Heimermann hunn eng awandfräi gefouert Kees virfonnt an hunn d'Decharge fir d'Caissière gefrot, déi duerch Applaus ugeholl gouf.
Bei der Erneierung vum Comité hu sech gläich 3 Leit bereet erkläert, fir matzeschaffen: d'Muller Nathalie, d'Rasqué Patricia an de Louis Max si mat Applaus opgeholl ginn.
De Pater Flammang an de Buergermeeschter Gerekens hu felicitéiert fir d'Aarbecht, déi gutt Zesummenaarbecht an och fir de Geste vum Deelen. Si hunn d'Leit encouragéiert, op dem Wee weider ze maachen.
Als Ofschloss vun der Generalversammlung gouf de Pater Flammang mat engem Scheck vun 1.000€ fir de Waasserprojet am Madagaskar iwwerrascht. Uschléissend huet hie bei engem gemittlechen Zesummesinn a beim Patt vum Projet erzielt.