9.000 € fir d’Fondation Cancer

D’Mataarbechter vu PwC Luxembourg hu sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
Dat andeems si hiren Kaddo, deen si um Enn vum Joer kréie fir hinne fir hir Aarbecht Merci ze soen, an eng Spend ëmgewandelt hunn an e gemeinsame Scheck un d’Fondation Cancer gemaach hunn.
„D’Solidaritéitsaktioun, datt all Mataarbechter säi Kaddo vum Joresenn an eng Spend ëmwandele kann, gëtt vun ëmmer méi Leit ënnerstëtzt. Dëst Joer loung et eis um Häerz fir Associatiounen ze ënnerstëtzen déi fir Patienten an hir Familljen do sinn.“ seet d’Cécile Liégeois vu PwC Luxembourg.
Wärend der Scheckiwwerreechung, a Präsenz vum Roxane Haas (People leader – PwC Luxembourg) a vum Cécile Liégeois (Prosperity leader – PwC Luxembourg), huet d'Claudia Gaebel all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.