Am Mäerz ass d’Blëtz a.s.b.l. vun de Seniore vun der Gemeng Suessem op hir Generalversammlung am „Kulturschapp“ invitéiert ginn.

D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen ware fir d’Blëtz a.s.b.l. sur place. Op dësem Evenement hu si d’Aktivitéite vum Veräin virgestallt, dee sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. Si waren immens emouvéiert, en Don an der Héischt vun 1.500 Euro un d’Blëtz a.s.b.l. unzehuelen. Mir soen de Seniore vun der Gemeng Suessem villmools Merci!