D'Mataarbechter vun der Cargolux hu Sue fir d'Fondation Cancer gesammelt.

Pressematdeelung:

D’Mataarbechter vu Cargolux Airlines hunn sech dozou decidéiert eng Solidaritéitsaktioun op d’Been ze stellen. An zwar hunn si de Garage Sale Project lancéiert an en Deel vum Erléis der Fondation Cancer gespent, fir hiren Engagement ze ënnerstëtzen.
Wärend der Scheckiwwerreechung, a Präsenz vum Moa Sigurdardottir (Head of Corporate Communication – Cargolux Airlines), huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.