Den 11. Abrëll 2024 hate Fraen a Mammen Dikrich hir lescht Generalversammlung. No 70 Joer muss d'Sektioun Dikrich ophalen eegestänneg weiderzeschaffen.

Esou wéi Presidentin Berthy Clesen et erklärt huet, well  keen Nowuess méi an de Komitee kënnt, an d’Kraaft vun eise Leit, di ëmmer super matgeschafft hun, noléisst. No 10 Joer als Presidentin vun der ACFL/Dikrich  huet si ganz grouss Mercien geriicht un all Memberen déi eis ëmmer ennerstëtzt hun, fir hiert Vertrauen, an fir hiert Mattschaffen. Och all deenen déi d’Sektioun deemols opgebaut hun gëllt e ganz groussen Merci. Et gouf betount datt iwert Paren Dikrich/Ettelbréck  weider  zesummen geschafft gëtt. De Beitrag vun der Memberskaart gëtt an Zukunft direkt un Nationalkeess iwerwisen , awer nach vun denen Dikricher „ Komiteesmemberen „  verdeelt gin, an domatt bleift  een Member fir un allen Aktivitéiten an de Paren Dikrich/Ettelbréck an National deelzehuelen. Et kann een sech bedeelegen un Dagesreesen, Ausflich oder Vakanzen, an natirlech alles ennerstëtzen waat an der Zesummenarbecht geleescht gëtt.  Eis traditionnel Oktavmass ass Samsdes den 04 Mee 2024 ëm 17h30.  Dëst Joer den 15 Juli ass eng Rees mat de Paren Dikrich/Ettelbréck an den Schwarzwald virgesin. Eng weider intressant Dagesrees organiséiert vum Här Paschtouer Romain Richer fir Paren Dikrich/Ettelbréck ass den 31 Mee op Metz. An senger Ried huet den Här Richer aumonier vun der ACFL Paren Dikrich/Ettelbréck  op daat weidert Zesummenschaffen mat dem neien Team higewisen, wou jiddereen un all deenen Aktivitéiten, déi an Zukunft zesummen ugebueden gin, kann a soll deelhuelen. All weider Informatiounen zu den Aktivitéiten kann een noliesen am Parbreif oder am Raider bei der Kierch, oder nofroen bei engem Member aus dem Komitee Paren Dikrich/Ettelbréck.

D‘ Keessière Blanche Eilenbecker huet op eng positiv Finanzlag higewisen. Et sin am Joer 2023 nëtt manner wéi 13000 € un sozial Wierker iwerwisen gin.

Uschléiissend gouff d‘Keess  opgeléisst, andeems weider Chèquen am Wert vun 10 000€ verdeelt gi sin.De Caritas Buttek Dikrich,  D’Vereenegung Schrëtt fir Schrëtt, Médecins du Monde, an den Här Richer a Vertriedung vun der Kirchefabrik fir d‘Restauratioun vun der Muttergottes, hun jeweils e Chèque vun 2.500 € kritt.

Als einwandfrei hun d’Keesserevisorinen Margot Hayen an Mariette Infalt di exakt Buchführung bestätegt.

Bei gemittlechem Zesummensin huet d‘ Generalversammlung ACFL Dikrich e würdigen Ofschloss fond.